Dat Bescht vun eise Braumeeschter

Diekirch Réserve, e komplex-aromatesche Béier, ass 1953 fir d’Hochzäit vum Groussherzog Jean gebraut ginn. D’Resultat war esou erstaunlech, datt d’Rezept gehale ginn ass.

Wann déi wierklech wichteg Momenter am Liewe solle gefeiert ginn, dann trompt Diekirch Réserve mat sengem intensive Malzgoût, sengem batteren Ofgang a senger bernsteinfaarweger Schattéierung op an entwéckelt en herrlech intensiven Aroma vu Figen, Aprikosen a Karamell.

Dir kënnt Diekirch Réserve op e puer auserliesene Plaze kennen a schätze léieren, e muss awer a sengem spezielle Glas zerwéiert ginn. Well eng Réserve drénkt sech net egal wéi a wou an och net egal mat wiem.